Klassik aktuell
Assises sectorielles vun der Klassescher Musek
En Dënschdeg (9.11.) huet de Kulturministère d'Assises sectorielles zum Theema Klassesch Musek am Centre des Arts Pluriels zu Ettelbréck organiséiert. D'Programmdirektesch vun der Luxembourg Tech School a Kulturmanagerin Sara Kaiser huet en Etat des lieux iwwer deen an éischter Linn professionellen Deel vum klassesche Musekssecteur presentéiert. Duerno goufen et zwee Ronndëschgespréicher zu den Theeme vun der "Struktur vun der Orchesterlandschaft zu Lëtzebuerg" an dem Term vum professionelle Museker, der professioneller Musekerin.
De Guy Engels huet d'Assisen zu Ettelbréck suivéiert.