arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Ursonate"
Inoffiziell leeft de Festival rainy days schonn zanter e leschte Samschdeg, wou de Kompositiounsatelier fir Kanner ugefaangen huet. D'Referenzwierk fir déi éischt Sëtzung vun dësem Atelier war d'"Ursonate" vum Kurt Schwitters, mat där de Festival offiziell muer Freideg am Kapuzinertheater ufänkt. Op der Bün steet dann dee südafrikanesche Kënschtler William Kentridge.