Klassik aktuell
Ghost Trance Music
Jazzisten ass den Numm vum Saxophonist Anthony Braxton e Begrëff. Obwuel hie virun allem am Beräich vum Free Jazz als eng absolut Referenz gëllt, ass hien och als Komponist ënnerwee. Dat dokumentéiert seng Sammlung vun 150 Stécker, déi hien an de Joren 1995 bis 2006 ënner dem Titel "Ghost Trance Music" erausbruecht huet. Dës Stécker sinn net figéiert, mee fräi an der Form, iergendwou tëschent Improvisatioun a Notatioun. Am Kader vum Festival rainy days gëtt am Espace Découverte vun der Philharmonie muer Samschdeg (13.11.2021) d'Kompositioun Nummer 255 aus "Ghost Trance Music" opgeféiert. De Manuel Ribeiro huet mam Gittarist Kobe van Cauwenberghe geschwat.