Europa Aktuell
Situatioun op der Grenz mat Belarus
Op der Grenz tëschent Belarus an der Europäescher Unioun spille sech den Ament dramatesch Zeenen of. Matten dra sinn e puer Dausend Migranten, déi virun oder op der Grenz blockéiert sinn. Dem Regimm vum belarussesche President Lukaschenko gëtt reprochéiert, d'Leit express dohi geschéckt ze hunn, fir d'EU ze provozéieren. D'Europäesch Unioun wëllt sech dat net gefale loossen - deet sech awer schwéier mat enger Äntwert.
Gëschter goufen nei Sanktiounen decidéiert, et ass awer net kloer, ob doduerch dat Instrument, Migranten géint d'EU anzesetzen, wierklech un Zänn verléiert. D'Danièle Weber iwwer d'Diskussioune gëschter ënner den EU-Ausseministeren