arrow_back_ios
Klassik aktuell
London - Wien - Buenos Aires
Gittar, Flütt an e Sträichtrio, dat ass d'Besetzung vum Concert haut (16.11. 2021) um 19:00 an der Salle polyvalente vum Stater Conservatoire. Mat Wierker vu Paganini, Matiegka/Schubert a Pujol huelen eis d'Museker scho bal op eng Weltrees mat - méi genee an d'Stied London, Wien a Buenos Aires. De Manuel Ribeiro huet mam Cary Greisch, Gittarist an Enseignant am Stater Conservatoire, geschwat.