Klassik aktuell
"Wierklech extreem emotional"
Gëschter-Mëtteg (14.11.2021) war d'Uropféierung vum Chouerstéck "Sisyphus' Sohn" vum Pierre Weber no engem Text vum Raoul Biltgen. D'Commande vum radio 100,7 zesumme mam KulturKanal gouf gesonge vum Vocalensembel The Duke's Singers.
Wärend enger Stonn war d'Kompositioun zweemol ze héieren, an et gouf Interviewe mam Auteur, dem Komponist an och engem Member vum Chouer. Moderéiert gouf d'Evenement vum Serge Tonnar vum KUK a vum Luc Boentges vum radio 100,7.
De Manuel Ribeiro kuckt mat Luc Boentges zeréck op dës Uropféierung.
Ënnerstëtzt gëtt dëse Projet vun der Fédération Luxembourgeoise des Auteurs et Compositeurs (FLAC) an der SACEM.