Klassik aktuell
"Isles & Rivers"
"Meine Sprache verstehet man durch die ganze Welt". Dee vill zitéierten a strapazéierte Saz vum Joseph Haydn léisst sech ganz besonnesch op de Spectacle "Isles & Rivers" extrapoléieren. Hei geet et tatsächlech ëm déi universell Kraaft vun der Musek, well an dësem Programm sämtlech geographesch, historesch a stilistesch Barräre falen. "Isles & Rivers" kombinéiert traditionell persesch Kläng mat Barockmusek an elektroneschen Elementer. De Guy Engels huet mat der Dramaturgin vum Spectacle, der Elisa Erkelenz, geschwat.