arrow_back_ios
Klassik aktuell
Geschicht vum Philadelphia Orchestra geschriwwen
Klassesch Musek an Amerika ass ouni déi europäesch Immigratioun net ze denken. Een europäescht Land huet op dësem Gebitt besonnesch vill Opweises: Ungarn. Eleng aus dësem zentraleuropäesche Land hu fënnef Dirigente Jalonen an den USA gesat: de Georg Szell, de Fritz Reiner, den Antal Dorati, de Georg Solti an de Eugene Ormandy, deen den 18. November 1899 zu Budapest op d'Welt kënnt.