Klassik aktuell
Ënner Stroum
Haut den Owend (19.11.2021) steet beim rainy-days-Festival an der Philharmonie e Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg op der Affiche. Um Programm stinn zwee Wierker, déi den OPL am Oktober beim 100. Anniversaire vun den Donaueschinger Musiktagen uropgeféiert huet. Dirigéiert goufen dës Uropféierunge vum Ilan Volkov, deen den Orchester fir de Concert bei de rainy days dëst Joer eng zweete Kéier dirigéiert.
De Luc Boentges huet sech am Kader vun der Preparatioun vun dësem Programm mam Dirigent getraff, fir e bësse méi iwwer d'Stécker an d'Vue op seng eege Roll gewuer ze ginn.