Klassik aktuell
"De Mann ass geckeg!"
De "Boléro" ass eent vun den beléiftste Stécker aus der Klassik. D'Uropféierung war den 22. November 1928 am Théatre National de l'Opéra mat der Danzcompagnie vun der Ida Rubinstein. Net jiddwereen am Public war esou begeeschtert, wéi een haut kéint mengen. Eng Damm huet net mat hirer Meenung hanner dem Bierg gehal: "De Mann ass geckeg!" Dës Ausso war op de Maurice Ravel gemënzt. De Maurice Ravel selwer huet de spéidere Succès vu sengem Stéck ni verstanen. Mee wéi koum de Ravel op d'Melodie vum "Boléro"? Wéi ass den Opbau vum Stéck? Äntwerten mam Manuel Ribeiro