arrow_back_ios
Fräie Mikro
Sozial Medien?
Zanter zimmlech genee 30 Joer gëtt et elo den Internet. Viru ronn 20 Joer huet de WEB 2.0 mat autonomen Applikatiounen ofgehuewen. Op deene Plattformen kann zanterhier jiddwereen op eng einfach Aart mat jidder anerem Mënsch um Planéit komplett fräi kommunizéieren. E Seege fir d'Mënschheet, kéint ee mengen, op d'mannst bis een déi net méi ganz nei Medien an der Praxis fonctionéiere gesinn huet, mengt de Jean-Jacques Rommes, laangjärege Vertrieder vun der Bankenassociatioun ABBL a vum Patronatsdaachverband UEL.