arrow_back_ios
Klassik aktuell
Jazz Inspired
Zanter dem Ufank vum 20. Joerhonnert ass d'Jazz-Musek eng Inspiratiounsquell fir Komponiste vu klassescher Musek. A Frankräich waren et de Maurice Ravel an de Claude Debussy, déi sech schëtzeg fir déi nei Rhythmen an Harmonie begeeschtert hunn. Den Dmitri Schostakowitsch huet eng Jazz-Suite geschriwwen, an dëse roude Fuedem léist sech bis haut weiderspannen. Elo huet den Ensemble Ars Nova Lux op Initiative vun der Flüttistin Maria Miteva een Album erausbruecht mat neier Musek, déi "Jazz inspired" ass.