arrow_back_ios
Klassik aktuell
Naturstëmmungen
Naturstëmmunge spillen an der Musek vun der Romantik eng wesentlech Roll - och an de Kompositioune vum Felix Mendelssohn Bartholdy. Vu senge ville Reese bréngt de Komponist dacks musikalesch Photo-Alben erëm, Stëmmungen an Impressioune vu Landschaften, déi en erlieft huet. Och seng Ouverture "Meeresstille und glückliche Heimfahrt" verzielt vun de Schéinheeten an de Gefore vun der Natur. D'Uropféierung war den 1. Dezember 1832 zu Berlin.