Klassik aktuell
Samson et Dalila
Et wonnert e sech schonn, datt vun esou engem Gigant vun der franséischer Romantik wéi dem Camille Saint-Saëns just eng eenzeg Oper et bis an de Zenit vum Répertoire gepackt huet. "Samson et Dalila" baséiert op enger biblescher Episod. Laang a schwéier war d'Gestatioun vun dëser Oper. No der Première zu Weimar, den 2. Dezember 1877, huet nach emol laang gedauert, bis d'Wierk och säi Wee an d'Paräisser Oper fonnt hat. Wéi koum et iwwerhaapt, datt "Samson et Dalila" zu Weimar uropgefouert gouf? De Manuel Ribeiro ass der Saach nogaangen.