Klassik aktuell
Dem Schubert säin Oktett
Net vill Komponisten hu fir d'Oktettbesetzung komponéiert. An der éischter Hallschent vum 19. Joerhonnert ginn et virun allem zwee Wierker an dem Genre, déi haut nach populär sinn. Eent dervun ass den Oktett vum Franz Schubert fir Sträichquintett an dräi Bléiser. Et ass e grousst Wierk vu ronn 50 Minutten, dat deemools bei de Kritiker net gutt ukoum - grad wéinst der Längt vum Stéck. D'Stéphanie Pochet, Enseignante fir Klarinett am Stater Conservatoire, huet d'Initiativ geholl, fir dësen Oktett vum Schubert en Dënschdeg, 7. Dezember 2021, um 19.00 am Stater Conservatoire opzeféieren. De Manuel Ribeiro huet mat der Klarinettistin Stéphanie Pochet an der Geiistin Vania Lecuit geschwat.