arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Auf der Suche nach der verlorenen Zeit"
Nodeems den Intendant Tobias Scharfenberger säi Kontrakt bis 2024 verlängert hat, war et un der Zäit de Programm vum Moselmusikfestival 2022 ze presentéieren. Et ass e Programm, wéi een en zanter Jore gewinnt ass: Musek an alle méigleche Genren, gespillt op dacks ongewinnte Plaze laanscht déi ganz Musel. An awer deit de Motto vun der Editioun 2022 drop hin, datt et eng aner Atmosphär beim Moselmusikfestival wäert ginn: "Auf der Suche nach der verlorenen Zeit".