arrow_back_ios
Klassik aktuell
Dan Tanson am Konzerthaus Berlin
Enn November stoung am Konzerthaus Berlin d'Uropféierung vun der Oper "SchattenGold" op der Affiche. Et ass e Wierk vum Komponist Matan Porat fir jiddwereen vun zéng Joer un. Mam Dan Tanson war och e Lëtzebuerger un dëser Produktioun am Kader vun de Festivitéite ronderëm den 200. Anniversaire vum Concertshaus bedeelegt. Et war dem Regisseur an Expert fir Opféierunge fir e jonke Publikum seng éischt Oper. Am Interview beim Luc Boentges schwätzt hien doriwwer, wéi hien dës Première erlieft huet.