Klassik aktuell
Den Adventskalenner vum Escher Conservatoire
Den Adventskalenner gëtt et a vill verschiddene Formen. Déi heefegst ass déi mat Këschte mat klengen Dieren, hanner deenen een al Dag eng kleng Iwwerraschung aus Schockela fënnt. Mee et ginn och aner Adventskalenneren, wéi dee vum Escher Conservatoire zesumme mat EschTV an der Escher Gemeng. All Dag entdeckt een eng kleng musikalesch Iwwerraschung. Iwwerdeems ass den Adventskalenner eng gutt Méiglechkeet, déi eenzel Klassen an hir Enseignanten ze presentéieren. De Manuel Ribeiro huet mam Direkter vum Escher Conservatoire, dem Marc Treinen, iwwert dës Initiative geschwat.