arrow_back_ios
Klassik aktuell
Fortschrëtt oder Sakrileg?
Am sougenannte kolonialen Amerika vum 17. Joerhonnert war Musek present, mee net iwwerall selbstverständlech a gäre gehéiert. Lues a lues hu sech d'Mentalitéite verännert, an den 13. Dezember 1759 huet zu Philadelphia ee Mann sech getraut, e Museksgeschäft opzemaache mat allméigleche Partituren. Fir déi eng e Sakrileg, fir déi aner e Schrëtt a Richtung Fräiheet.