Europa Aktuell
Diplomatesche Boykott vun der Wanter-Olympiad
Ufanks Februar soll et zu Peking lassgoen: Vum 4. bis den 20. Februar 2022 stinn an der chineesescher Haaptstad zu Peking déi 24. Olympesch Wanterspiller um Programm. D'Fro, déi den Ament diskutéiert gëtt ass déi, wie genee dohi reese wäert. Déi lescht Woch haten fir d'éischt d'USA, duerno Kanada, Australien, Neuseeland a Groussbritannien een diplomatesche Boykott annoncéiert.
An der Europäescher Unioun gëtt et Stëmmen, déi dat nämmlecht fuerderen. Et sollt een zesumme reagéieren, esou de Wonsch vu villen. Allerdéngs gesäit et net esou aus, wéi wann ee sech hei géif eens ginn. D'Danièle Weber informéiert.