Klassik aktuell
"Oh! Meine Sprache versteht man durch die ganze Welt"
De Joseph Haydn war am Ausland bekannt, obwuel hien d'Schlass Esterházy, respektiv Wien kaum verlooss huet. Seng Partiture goufen zu Paräis, zu Amsterdam, Berlin an och zu London gedréckt an hie krut Commanden aus Frankräich, England an Italien, déi hien international bekannt gemaach hunn. Esou kënnt et, datt hie well viru senger éischter grousser Rees op London an dëser Stad de Status vun engem Star hat. An och de finanzielle Succès vu senger Rees war schonn an deem Ament geséchert, wéi hien an England ukoum. Trotzdeem huet ënner anerem de Mozart hie virun dëser Aventure gewarnt.