arrow_back_ios
Europa Aktuell
EU plangt nei Ära fir den Zuchverkéier
Méi séier Zich, onkomplizéiert Bestelle vun Zuchbilljeeën an d'Ënnerstëtzung vun internationale Verbindunge kéinten zur neier Realitéit gi fir den europäeschen Zuchverkéier. D'EU-Kommissioun huet dës Woch eng Strategie fir den Zuchverkéier virgestallt, där no och Nuetszich solle promovéiert ginn. Och Annoncë vun der franséischer SNCF deiten op en neit Beliewe vum Nuetszuchs-Reseau hin: rieds ass vun der Verbindung Metz-Barcelona, un där Lëtzebuerg och kéint mat agebonnen ginn. D'Isabel Scott informéiert.