"The Flute King" heescht net nëmmen een Album vum Emmanuel Pahud, et ass och eng Beschreiwung, déi gutt op de Museker passt. Den Emmanuel Pahud ass e richtege Schaffert, hien trëtt gären op, produzéiert reegelméisseg Disken an ass jo och nach Solo-Flüttist vun de Berliner Philharmoniker.
Haut den Owend ass de Schwäizer Museker nees eng Kéier zu Lëtzebuerg fir e Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg. Den Emmanuel Pahud interpretéiert de Flütte-Concerto vum Jacques Ibert.