Klassik aktuell
Den Tschech Zdenek Fibich
Hie war um musikaleschen Niveau vun engem Antonin Dvorak oder Bedrich Smetana, allerdéngs sollt den Zdenek Fibich awer wéi seng Zäitgenossen ni als en Nationalkomponist a sengem Heemechtsland Tschechien ugesi ginn. Nieft dräi Sinfonien huet de Fibich eng ganz Rei Opere komponéiert, sinfonesch Dichtungen a vill Kammermusek. Leider ass et säi kuerzt Wierk "Poême", dat de Fibich mat Onrecht zu engem Salonsmuseker degradéiert huet.
De béimesche Komponist Zdenek Fibich ass den 21. Dezember 1850 gebuer an de Manuel Ribeiro huet sech fir seng Biographie interesséiert.