Musek bei déi Leit bréngen, déi keen Zougang zum aktive Kulturliewe méi hunn, ass eng vun de Missioune vun der Fondation EME. 770 Evenementer huet d'Fondatioun am Joer 2021 organiséiert a konnt domat ronn 16.500 Leit beréieren. Wéi eng Erausfuerderungen huet d'Pandemie mat sech bruecht? Wéi wichteg ass d'Missioun vun der Fondatioun ëm d'Feierdeeg? A wéi geet et 2022 weider?
De Luc Boentges huet bei der Sarah Bergdoll, der Coordinatrice générale vun der Fondation EME nogefrot.