arrow_back_ios
Klassik aktuell
Den Disk "Maacher am Léid"
De Museker Georges Urwald ass bekannt fir am vergiessene Lëtzebuerger Repertoire ze wullen, ze entdecken an opzefrëschen. Eng richteg Sisyphusaarbecht, déi hien awer mat Häerz a Séil gäre mécht, wéi et dee leschten Disk nees emol beweist. "Jo, dat ass éist Maacher ... Maacher am Léid", esou den Titel vum Album, op deem de Georges Urwald net just al Lidder vu Maacher nees un d'Liewe bréngt, mee och méi rezent Kompositioune virstellt.
De Manuel Ribeiro huet sech mam Georges Urwald ënnerhalen.