Klassik aktuell
D'Barocklegend Antonio Caldara
Den Italieener Antonio Caldara huet a sengem Liewenslaf e puer wichteg Etappe gehat, éier hie sech bis zum Enn vu sengem Liewen um Keeserhaff zu Wien etabléiert. Hei soll hien mat seng sëllegen Operen, Kantaten, Oratorien an anere Wierker de Wiener Publikum begeeschtert hunn, mee och déi zukünfteg Virklassiker a Klassiker, wéi den Haydn, Mozart an och déi ganz Mannheimer Schoul gepräägt hunn.
Den Antonio Caldara, deen den 28. Dezember 1736 gestuerwen ass, kann een als ee vun deene gréisste Barockkomponisten nieft dem Bach, Telemann, Händel a Vivaldi bezeechnen.
De Manuel Ribeiro huet a seng Biographie eragekuckt.