arrow_back_ios
Klassik aktuell
1911: een neien Orchester op der US-Westküst
Den 30. Dezember 1911 soll offiziell deen éischte Concert vum San Francisco Symphony Orchestra sinn. Laang huet den Orchester sech missen hanner de grousse Spëtzenorchesteren, wéi New York oder Chicago, verstoppen. Nodeems de Michael Tilson Thomas den Orchester 25 Joer laang op Niveau bruecht huet, gehéiert den Ensembel mëttlerweil zu deene prestigiéiste Phalangë weltwäit.
De Manuel Ribeiro kuckt op e puer Episoden am Parcours vum San Francisco Symphony Orchestra zeréck.