Klassik aktuell
Gegenwärtig
100 Joer Donaueschinger Musiktage goufen an der Stad am Schwarzwald grouss gefeiert. Ënner anerem mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, engem vun dräi externen Orchesteren, déi bei der Editioun 2021 um Festival hunn dierfe spillen. Niewent dësen exzeptionellen Optrëtter gouf den Anniversaire och mat der Publikatioun vum Buch "Gegenwärtig. 100 Jahre Neue Musik. Die Donaueschinger Musiktage" markéiert. Et ass eng Sammlung vun Aufsätz, déi d'Geschicht vum Festival retracéieren an d'Theemen "Jazz" oder "Komponistinnen zu Donaueschingen" behandelen, enger ganzer Rei Biller an enger Partie Erënnerungen an Avise vun ZäitgenossInnen.
De Luc Boentges huet dës Publikatioun ënner d'Lupp geholl.