arrow_back_ios
Klassik aktuell
En Album, dee Freed maache soll
D'"Sonneluucht-Sonat" oder d'Prelude a Fugue mam Titel "Schnéi" sinn zwee vun de Wierker, déi den Amstel Saxophone Quartet zesumme mat enger Rei Gäscht fir säin neien Album opgeholl huet. Mat dësen helle Wierker vum lettesche Komponist Georgs Pelēcis wëllen déi véier Museker hirem Publikum an den düsteren Zäite vun der Pandemie eng Freed maachen.
De Luc Boentges huet mam Saxofonist Bas Apswoude iwwer dës nei Sortie geschwat.