Klassik aktuell
Den Neijoerschconcert live um radio 100,7
Den éischte Januar um eelef Auer ass de Rendez-vous fir den traditionelle Neijoerschconcert vun der Wiener Philharmoniker. Gouf dësen Optrëtt d'lescht Joer nach virun engem eidele Sall gespillt, sinn dëst Joer 1.000 Leit am Publikum zougelooss. Weltwäit suivéieren all Joers Millioune vu Leit dëse Concert iwwer Live-Iwwerdroungen am Fernsee an am Radio. An och de radio 100,7 iwwerdréit dëse Concert nees live.
De Manuel Ribeiro presentéiert den Neijoerschconcert vun de Wiener Philharmoniker ënner der Direktioun vum Daniel Barenboim. Am Gespréich mam Luc Boentges proposéiert hien en Ausbléck op de Programm.