Kannerkëscht
Wat sinn Ammoniten?
5 min
Léif Kanner! Vu haut un ginn et Changementer am Programm vum Radio 100,7, d'Kanneremissioun "HéLéLa" vu Samschdeg tëscht 1 an 2 Auer gëtt et net méi. Amplaz huet der awer elo dräi Mol an der Woch äre Rendezvous am Kannereck hei um Radio 100,7. An zwar Dënschdeg an Donneschdeg Nomëttes um 20 bis 5 a Samschdeg um Véirel op 12. A wann der e Kannereck emol verpasst dat fannt de Bäitrag dono dann an eiser Mediathéik wou der en nach emol kënnt lauschteren. Elo dann awer bei den éischten Kannereck an do ass et dann Catherine Faber aus dem Naturmusée dat iech eppes iwwer Ammoniten erzielt. A gleeft mer dat passt grad gutt bei dat Wieder wat mer den Ament dobaussen. Mä e Besuch am Naturmusée am Stadgronn lount sech fir ënnert anerem déi aktuell Ausstellung "Lost Ocean" oder am Beräich vun de Lëtzebuerger Fossilien wou der esou Ammonite kënnt gesinn. Den Internet Site vum Naturmusée ass den mnhn.lu