arrow_back_ios
Europa Aktuell
Méi Impfstoff spenden: Booster-Impfung mécht dat méi schwéier
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
An der EU sinn den Ament 80 Prozent vun den Erwuessene voll geimpft, an Afrika läit deen Taux bei grad emol néng Prozent. Am September zejoert hat den Direkter vun der Weltgesondheetsorganisatioun ee Moratoire fir Booster-Impfunge bei gesonde Leit verlaangt - fir där Inegalitéit eppes entgéintzesetzen. D'Verdeele vun enger éischter Dosis u Leit mat héijem Krankheetsrisiko misst eng Top-Prioritéit sinn, esou d'WHO. Ënner anerem Omikron huet deem awer e Stréch duerch d'Rechnung gemaach.
D'Danièle Weber informéiert.