Kannerkëscht
De Gilles Lacour iwwer de Museksunterrecht
7 min
Salut Kanner, an schonn ass et nees esouwäit, der wësst jo datt mer Iech zanter dëser Woch dräi Mol an der Woch e Kannereck proposéieren, an zwar dënschdes an donneschdes um 20 vir fënnef a samschdes um Véierel op 12.
Dës Kéier geet et ëm de Museksunterrecht. Et si jo sécher vill Kanner ënner Iech, deenen hire léifsten Hobby Musek ass, an déi och schonn a Museksschoulen oder a Conservatoiren Musekscoursen huelen. Abee de Jean Claude Majerus huet sech mam Glles Lacour, dem Commissaire fir den Enseignement musical, dat heescht dee Mënsch, dee sech ëm den Museksunterrecht bekëmmert, ënnerhalen, an als éischt wollt de Jean Claude vum Gilles Lacour wëssen, wat seng Aarbecht als Commissaire fir den Enseignement musical iwwerhaapt ass.