Klassik aktuell
"Klassesch Musek huet ëmmer eng grouss Roll gepsillt"
5 min
De bekannte KiKa-Moderator Juri Tetzlaff ass e reegelméissege Gaascht an der Philharmonie. Op seng ganz eegen Aart a Weis wëllt hien dem dacks jonke Publikum déi klassesch Musek méi no bréngen, egal op et dobäi ëm dat bei Kanner beléifte Wierk "De Pier an de Wollef" geet oder esou eng grouss Sinfonie, wéi déi néngt vum Antonín Dvořák.
E Samschdeg (8.1.) ass de Juri Tetzlaff eng weider Kéier an der Philharmonie fir d'Märchen "Hänsel und Gretel" op Basis vum Engelbert Humperdinck senger Oper mam selwechten Numm ze verzielen. Fir d'Musek suergt de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg ënner der Direktioun vum Thomas Dorsch.
De Luc Boentges huet sech bei enger vu senge leschte Visitte mam Juri Tetzlaff getraff, fir méi iwwer seng Vue op déi klassesch Musek gewuer ze ginn.