Al Schanken
Al Schanken
60 min
Grateful Dead gouf 1965 zu San Francisco gegrënnt an huet op eng eegewëlleg a ganz relax Manéier Rock, Folk, Country a Psych vermëscht, dacks a laangen Jam-Opnamen - speziell live konnten d'Stécker praktesch bis an d'Onendlecht gezu ginn, e Concert vun der Band ass dacks iwwer Stonne gaangen.
Niewent dem Frontmann Jerry Garcia (Gesang a Gittar) sinn aner Membere vun der Grupp an d'Rockgeschicht agaangen: de Gittarist Bob Weir, de Bassist Phil Lesh oder och d'Drummer Bill Kreutzmann a Mickey Hart. Mam Doud vum Garcia (1995) huet Grateful Dead sech wuel offiziell opgeléist, mee sämtlech Museker hu mat neie Formatioune weidergefuer an dobäi en änleche Sound ugebueden, dorënner vill Reprisen aus dem ale Repertoire.
D'Band hat de 16. Mee 1972 och en Optrëtt am Auditoire vun der Stater Villa Louvigny.
D'Playlist vun haut:
Michaela Rae - Green Onions (Blues With A Backbone, 2009)
Blue Oyster Cult - Don't Fear The Reaper (Agents Of Fortune, 1976)
Al Kooper - Went To See The Gipsy (Rae And Well Done, 2001)
Ron Evans - After Midnight (65 To 97, 2021)
The Ides Of March - Vehicle (Vehicle, 1970)
Mandrill - Ape's Back In Town (Back In Town, 2020)
Blackfoot - Spendin' Cabbage (Tomcattin', 1980)
Hot Boogie Chillum - Oh Well (15 Reasons To R'n'R, 2005)
Grateful Dead - Sugar Magnolia live (Europe '72, 1972)
Grateful Dead - One More Saturday Night live (Europe '72, 1972)
Ride - Clouds Of St. Marie (Clouds Of St. Marie, 2019)
Supergrass - Sofa (I Should Coco, 1995)
McChurch Soundroom - Trouble Part II (Delusion, 1971)