Kannerkëscht
E verstengerte Libelleflillek mam Numm Gallodorsetia Kronzi
7 min
Am natur musée am Stater Gronn sinn den Ament Fossilien ausgestallt, déi beweisen, datt et hei zu Lëtzebuerg viru laanger Zäit emol e Mier gouf. Déi modern Technologië vun der Paleontologie erméiglechen haut nawell zimmlech genee erauszefannen, wéi eng Déieren hei am Land viru Millioune vu Jore gelieft hunn an haut scho längst ausgestuerwe sinn.
Ënner dëse ville Fossilien am natur musée läit souguer e klenge Schatz, nämlech e verstengerte Libelleflillek. Firwat dëse Flillek elo awer eng kleng Sensatioun ass, dat verréit de Patrick vum natur musée.