arrow_back_ios
Klassik aktuell
De Mozart op der Rees
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
No ronn 22 Stonnen an der Kutsch an engem Tëschestopp zu Wasserburg, kommen de Leopold, d'Nannerl an de Wolfgang Amadeus Mozart den 12. Januar 1762 zu München un. Hei presentéiert de Papp Leopold seng zwee Wonnerkanner dem Kurfürst Maximilian Joseph III.. Domat huet hien esou e grousse Succès, datt an him d'Iddi vun enger gréisserer Tournée wiisst, déi hie ronn ee Joer méi spéit realiséiert.