Klassik aktuell
"D'Blockflütt ass mäi Liewen"
10 min
Déi hollännesch Blockflüttistin Lucie Horsch ass am Ëmfeld vum Concertgebouw zu Amsterdam grouss ginn. D'Mamm war Cellistin am Orchester, an och de Papp huet Cello gespillt. Et deet där jonker Musekerin deemno ëmsou méi Leed, datt ausgerechent hire Concert vu muer am Concertgebouw - am Kader vun der Rising-Star-Tournée - ofgesot ass. Den Owend ass d'Lucie Horsch an der Philharmonie - eng Musekerin mat ville Facetten, déi leidenschaftlech iwwer d'Blockflütt schwätzt a stänneg op der Sich no neie Programmen, no neiem Repertoire ass, awer och nach Clavier a Gesang studéiert.