arrow_back_ios
Europa Aktuell
EU diskutéiert iwwer hir Roll a Sécherheetsfroen
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
Zu Bréissel hu sech gëschter Vertrieder aus den 30 Nato-Länner a Russland gesinn. Et war déi éischte Kéier zanter zwee Joer, datt et zu esou direkte Gespréicher koum. Haaptsujet war de Konflikt tëschent der Ukrain a Russland. Konkret Resultater gouf et keng - mee eleng datt ee ronderëm een Dësch souz, gëtt als Fortschrëtt gewäert. D'Europäesch Unioun muss an deem Konflikt nach seng Plaz um Verhandlungsdësch fannen. Informatioune vu Bréissel vum Danièle Weber