Klassik aktuell
Déi éischt gëllen Zäit vun der Museksstad Darmstadt
5 min
1946 goufen zu Darmstadt d'Internationale Ferienkurse für Neue Musik lancéiert, déi aus der Nopeschstad vu Frankfurt ee musikaleschen Zentrum gemaach hunn. Dat war Darmstadt allerdéngs och schonn am 17. Joerhonnert, wéi d'Stad als Residenz vum Landgraf vun Hessen-Darmstadt politesch, wirtschaftlech a kulturell exzellent do stoung. Eng wichteg Perséinlechkeet an der musikalescher Ausnamsstellung vun Darmstadt war de Komponist Christoph Graupner, zwee Joer méi al wéi Bach an Händel, dee bis zu sengem Doud, 50 Joer laang Hofkapellmeister zu Darmstadt war.