Europa Aktuell
Grenz mat Belarus: Sinn extra Reegelen ubruecht?
5 min
An Däitschland gouf den englesche Begrëff "Pushback" als "Unwort" vum Joer 2021 gewielt. Dem Jury no gëtt duerch dat Wuert ee mënschefeindlechen Prozess verharmloost: nämlech d'Ofweise vu Leit, déi op der Flucht sinn a fir déi et onméiglech ass, vun hirem Grondrecht op Asyl Gebrauch ze maachen.
Esou "Pushbacks" sinn am Fong an der EU illegal - an awer gehéiere se den Ament op der Baussegrenz mat Belarus zum Alldag. Déi Europäesch Kommissioun ass bis elo net géint dee Verstouss géint EU-Gesetzer virgaangen. Am Contraire, si huet ufanks Dezember den dräi concernéierten EU-Länner Litauen, Lettland a Polen méi labber Asyl-Reegele proposéiert. Déi stousse net nëmmen am Europaparlament op Kritik. D'Danièle Weber informéiert.