Klassik aktuell
De Choleeriker ënner den Dirgenten
De Wëllen no Perfektioun, deen hie vu sech selwer a vu senge Museker verlaangt huet, hunn him den Titel als "Maestro assoluto" ginn. Rieds geet vum engem vun de beschten Dirigenten, deen et bis ewell gouf: den Arturo Toscanini.
Den Toscanini gouf vun New York bis op Mailand gefeiert a bewonnert. Viru 65 Joer, de 16. Januar 1957, ass den Arturo Toscanini am Alter vu bal 90 Joer zu New York gestuerwen. An ofgesinn vun all Rivalitéit a vun all Kritik, war den Arturo Toscanini wuel dee berüümtsten Dirigent vum 19. an 20. Joerhonnert.
De Jean Claude Majerus erënnert un den Toscanini.