Kannerkëscht
't ass nees e Wollef gesi ginn!
5 min
De leschten Dënschdeg gouf zu Lëtzebuerg, am Raum Wëntger bei der belscher Grenz, nees e Wollef gesinn. En Automobilist war op d'Déier opmierksam ginn, wéi et nieft der Strooss duerch e grousst Feld gelaf ass. Hien huet der Naturverwaltung eng Foto geschéckt a krut kuerz drop d'Bestätegung, datt hien tatsächlech e Wollef gesinn hat.
Wat sinn d'Wëllef eigentlech fir Déieren? Musse mir Mënschen virun hinnen Angscht hunn, wéi dat dacks a Märercher duergestallt gëtt? D'Monique Kirsch vum natur musée geet där Saach op de Fong.