Al Schanken
Al Schanken
60 min
Déi international Karriär vu Santana koum mam Optrëtt um legendäre Woodstock Festival am August 1969 esou richteg un d'Lafen. D'Band ëm de Gittarist Carlos Santana (haut 74 Joer al) hat deemools nach keen Album um Maart, deen éischte Release mam Bandnumm koum eréischt kuerz duerno eraus. De Sound vu Santana krut séier d'Bezeechnung Latino Rock: de spezielle Gittaresound vum Bandleader, d'Uergel an de Gesang vum Greg Rolie an eng Hellewull Perkussioune goufen immens populär.
Nogeluecht huet d'Band 1970 mam Album "Abraxas", op deem zwee Titelen erausgestach hunn: "Black Magic Woman" an "Oye Como Va", allebéid Coverversiounen, dat eent aus der Fieder vum Fleetwood Mac-Gittarist Peter Green, dat anert geschriwwen an am Original interpretéiert vun der Latin-Gréisst Tito Puente. Si zielen haut nach ëmmer zum Repertoire vun der Band.
Klengen Detail, wat de Cover vum '93er Live-Album "Sacred Fire" ugeet: als Ënnertitel steet do "Live In South America" ... allerdéngs goufen d'Opnamen alleguer am "Palacio de los Deportes" zu Mexico City realiséiert. Mee vläicht hate se Mexiko jo deemools vu Mëttel- bis a Südamerika geréckelt ...
D'Playlist vun haut:
Light My Fire - The Doors (The Doors, 1967)
Rock The Nation - Montrose (Montrose, 1973)
Smokin' In The Boys Roon - Brownsville Station (Yeah, 1973)
Righteously - Lucinda Williams (World Without Tears, 2003
Maybe Tomorrow - Stereophonics (You Gotta Go There To Come Back, 2003)
Sweet Jane - Liz Phair (single, 2016)
The Ghetto (live) - George Benson (Weekend In London, 2020)
It All Comes Back - Tower Of Power (T.O.P., 1993)
Black Magic Woman (live) - Santana (Sacred Fire, 1993)
Oye Como Va (live) - Santana (Sacred Fire, 1993)
Red Eyes - Nazz Nazz (Stay Aboard, 1990)
Groovin' With Mr. Bloe - Mr. Bloe (Groovin' With Mr. Bloe, 1970)