arrow_back_ios
Klassik aktuell
Zäit fir e Fazit
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow
Haut nach Teneriffa a muer Samschdeg Las Palmas - dann huet de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg seng Tournée uechter Spuenien - zesumme mat der Pianistin Beatrice Rana - hanner sech. De Prélude virun enger Woch war e Concert an der Philharmonie. Duerno goung et op Köln, Saragossa a Madrid. Et war eng Tournée ënner schwierege Konditiounen, duerfir mat exzellente Kriticken an der spuenescher Fachpress.