Klassik aktuell
"the greatest musical genius since Mozart"
5 min
1829 ass de Felix Mendelssohn Bartholdy eng éischte Kéier zu London an dirigéiert d'Philharmonic Society. Säin Openthalt an England ass och d'Geleeënheet, sech intensiv mam Wierk vum William Shakespeare ze beschäftegen. De Komponist hat schonn eng Ouverture fir "A Midsummernight's Dream" geschriwwen. 1843 komponéiert hien eng komplett Bünemusek - mat deem populären Houchzäitsmarsch, deen haut quasi bei kenger Zeremonie feelt. Och dës Traditioun huet hiren Ursprong an England - de 25. Januar 1858 an der Chapel Royal - eng Iddi vun der Queen Victoria, fir déi de Mendelssohn "the greatest musical genius since Mozart" war.