Klassik aktuell
Botzen, seeën, hummeren a léiden
8 min
Wann een u Geräischer an der Kathedral denkt, denkt ee vläicht u Gepëspers, Käerzen déi ugefaange ginn, oder dorun, wéi d'Schrëtt vun de Leit am Raum schalen. Den Ament héiert een an der Kathedral hei zu Lëtzebuerg allerdéngs Leit déi seeën, hummeren a mat engem Loftkompressor hantéieren. Do gëtt nämlech grad un der grousser Uergel geschafft, respektiv un engem Deel dovun.
D'Instrument ass komplett ofmontéiert a gëtt an Éisträich vun der Firma Rieger renovéiert. Dräi vun hire Mataarbechter sinn den Ament awer zu Lëtzebuerg, fir all déi Päifen ze restauréieren, bei deene sech den Transport wéinst hirer Gréisst net gelount hätt.
De Luc Boentges war um Chantier op Besuch an huet sech déi verschidden Atelieren ugekuckt.