Europa Aktuell
EU-Parlament warnt: D'EU schützt hir Demokratie net genuch
4 min
Den Afloss vu chineeseschen, russeschen oder och amerikaneschen Acteuren op d'Europäesch Unioun besser aschätze kënnen - dat ass d'Missioun, déi sech eng Spezialkommissioun am Europaparlament selwer ginn huet.
Wärend annerhallwem Joer huet déi Kommissioun eng honnerten Experte gehéiert, Etüden an Optrag ginn an ass selwer op Missioun an d'Ausland gereest. Dës Woch gouf d'Aarbecht ofgeschloss an de Rapport gemaach. Mam Bilan, datt d'EU fir den Ament net déi néideg Moyenen huet, fir sech selwer ze schützen. D'Agathe Cherki huet de Rapport gelies.