Datt d'Kanner nees méi dacks ze Fouss an d'Schoul ginn, dat ass d'Haaptzil vum Projet Pedibus, deen d'Stad Lëtzebuerg an d'Liewe geruff huet. Dat hätt gesondheetlech Virdeeler, mee och d'Mobilitéit douce wëllt een esou fërderen. De Pedibus funktionéiert änlech wéi de konventionelle Schoulbus, mat enger festgeluechter Streck an Haltestellen, eenzegen Ënnerscheed, et setzt een net am Bus, mee et ass een zesummen ze Fouss ënnerwee.
Informatiounen dozou fënnt een hei.